
Säi musikalesche Wee fänkt de Romain Kerschen am Conservatoire zu Esch un, a mécht hei an der Trompette wéi och an der Musique de Chambre säin Diplôme Supérieur. Wärend ville Joren huet hien an der Brass Band vum Escher Conservatoire gespillt. Am Conservatoire vun der Staat Lëtzebuerg schléisst hien dann och seng Studien an der “Direction d’orchestre” mat engem Diplôme Supérieur of.
Seng weider Studien féieren hien dann op Bréissel op de Conservatoire Royal, wou hien als Haaptfach Trompette studéiert. Hien besicht verschidden Masterclass’en an den USA, England, Belsch, Däitschland a Lëtzebuerg. Zënterhier ass hien mat Begeeschterung a Leidenschaft Enseignant fir Trompette an der UGDA Museksschoul.
An de Joren 2011 an 2012 perfektionéiert de Romain Kerschen sech beim hollänneschen Dirigent Jan Cober an der Orchester-Direktioun. Säit dem Summer 2018 erweidert hien säi musikalescht Wëssen an der Orchester- wéi och der Chouerdirektioun an enger intensiver Zesummenaarbecht mam international bekannten Orchester- a Chouerdirigent Pierre Cao.
Professionell Erfarung als Dirigent sammelt hien mat Kammermusek-Orchesteren wéi dem Latvian Philharmonic Chamber Orchestra vu Riga, wéi och dem Orchestre de Chambre du Luxembourg.
2013 huet de Romain Kerschen en nationalen Harmonie-Orchester an d’Liewen geruff, mat deem hien reegelméisseg Orchester-Projet’en realiséiert. Am selwechte Joer gëtt de Romain Kerschen Dirigent vun der Fanfare Prince Henri Bouneweg, a säit Februar 2014 ass hien och Dirigent vun der Fanfare Municipale Lëtzebuerg-Bouneweg.
Fréier Dirigenten:
Fanfare Municipale Bonnevoie-Luxembourg | Fanfare Prince Henri |
Henri Weis | | | |
Nic Hasen | | | |
Nic Weyrich | | | |
Jos Kieffer | | Nicolas Henx | 1957 - 1959 |
Auguste Tossberg | | Jean-Pierre Clement | 1959 - 1962 |
Nicky Mandres | 1936 - 1938 | Nicolas Henx | 1962 - 1968 |
Roby Henx | 1938 - 1946 | Claude Christnach | 1968 - 1973 |
René Hemmer | 1947 - 1950 | Nico Junck | 1973 - 1975 |
Jos Schmitt | 1950 - 1956 | André Baus | 1975 - 1978 |
Nicolas Henx | 1956 - 1976 | Camille Kerger | 1978 - 1986 |
André Baus | 1976 - 1978 | Ulric Berg | 1986 - 1987 |
Camille Kerger | 1978 - 1986 | Marco Batistella | 1987 - 1988 |
Marco Batistella | 1986 - 1988 | Nico Eich | 1989 - 1997 |
Nico Eich | 1989 - 1997 | Claude Weber | 1997 - 2012 |
Claude Weber | 1997 - 2014 | Thomas Schmit | 2012 - 2013 |
Romain Kerschen | 2014 - | Romain Kerschen | 2013 - |
Éierendirigent: | Claude Weber |