Desen Text kennt nach.

Fanfare Municipale Luxembourg-Bonnevoie

Um Enn vum 19. Jorhonnert woren d’Gare vun der Stad Lëtzebuerg an d’Händschefabrik positiv Facteuren fir den Opschwonk vun eiser Uertschaft, an deemno och fir eist Veräins- a Musekswiesen. Iwwerdeems déi meescht Museken aus der Stad an der Mëtt vum 19. Jorhonnert gegrënnt goufen, haten zu Bouneweg eréischt am Summer 1898, dräi passionnéiert Museker d’Iddi fir dann och endlech zu Bouneweg eng Musek oder méi genee eng Fanfare, op d’Been ze setzen. Dës wichteg Leit woren de Franz Birnbaum, de spéidere President; den Theo Goerens, sengersäits Caissier an de Jacques Huberty als einfache Member.

Matt enger gudder Iddi a leider zimlech wéineg Souen an der Täsch, hunn se dann net déi schwiereg Aarbecht gescheit, fir vun Haus zu Haus ze goen an sech Symphathisanten an déi zur Grënnung néideg finanziell Mëttelen ze besuergen.

Als offiziellen Datum vun der Grënnung vun eiser Musek gëtt den 5. Oktober 1898 genannt.

Deemools huet se schons 17 activ Memberen gezielt, wouvun déi meescht an der deemooleger Merciers Schampesfabrik bei Bouneweg geschafft hunn.Vill vun hinnen waren och Member vun der Harmonie “Champagne Mercier”, der Wierksmusek vun deene Kellereien déi vis-à-vis vun der Eisenbunnsstatioun op der Gare zu Lëtzebuerg stoungen, do wou haut d’Verwaltungsgebaier vun der Post sinn. Do hunn sie deemools hir Solfège’s Couren an d’Museksprouwen ofgehalen.

Fir dat Ganzt dann och offiziell ze maachen, goufen dunn den 10. Januar 1899 déi éischt Statuten opgesat, déi schon deemools aus 48 Artikelen bestanen hunn, a vun dem Moment un gëlt eis Musek dann offiziell als “Fanfare de Bonnevoie”. Dës Grënnungsversammlung ass schons am heitegen Musekssall op Nummer 29-33 an der Pierre Krier-Stroos, déi fréier Itzeger Stross, ofgehale gin. Deemools wor dat eng Schoul.

Hiren éischte Concert huet d’Fanfare de 5. Februar 1899 um 20 Auer, an engem bis op déi lescht Plaz ausverkaafte Bistro “Lakaff-Hentges” (uewen an der “Rue de Bonnevoie”, riets zur Gare hin) ginn. D’Fanfare wosst hir Leit ze begeeschteren, wei dat verschidden Lokalneiegkeeten beleen. Eng Zeitung schreiwt:”Wir beglückwünschen den Verein, welcher über vorzügliche Kräfte verfügt und hoffen, dass die Gesellschaft uns binnen kurzem, einen ähnlichen Kunstgenuss bereiten wird.” Den 20. August 1899 krut d’Fanfare hiren éischte Fändel (vum Atelier Klees-Scheer hirgestallt) an huet dëst och mat engem Cortège, deen duerch verschidden Deeler vum deemolege Bouneweg gefouert huet, gefeiert. Un dëse Feierlechkeeten haaten och net manner wéi 12 aner Veräiner deelgeholl.

Vun Ufank un huet d’Fanfare en heigen Niveau ugestriewt a wollt dësen och halen, an esou huet si sech dann och schons dat selwecht Joer engem nationale Concours zu Iechternach gestallt.

No an no goufen dunn dann och déi éischt Reesen an d’Ausland geplangt. Dat éischt wichtegt Evénement fir d’Entwécklung vun der Fanfare war d’Bedelegung un engem internationale Concours zu Epernay den 22. September 1926. Do krut si dann d’gëlle Medaille an e Präis vun der Stad Epernay als beschte Participant an der “Divisioun d’honneur”.

1931 huet d’Fanfare sech wertvoll Uniformen zougeluecht a wor esou déi éischt Musek an der Gemeng Lëtzebuerg, déi hiert eegent Aarbechtsgezei hat. D’Kap an d’Box huet all Museker selwer misse bezuelen an et wor net selen datt verschidde Musikanten hir komplett Uniform hu misse bezuelen. Am Juni vum selwechte Joer ass d’Musek mam Zuch bis op Paraïs-Billancourt gefuer fir do un engem internationale Concours deelzehuelen. Als Resultat vun hirem Exploit kruten se dann och 2 éischt Präisser mat Auszeechnung a sinn eng Divisioun méi héich geklommen.

D’Fanfare krut hiren zweete Fëndel am Joer 1936. Vun do un dréit si den offiziellen Titel “Fanfare Municipale Luxembourg-Bonnevoie”.

Am November 1956 gouf eng Clique (Percussioun’s Formatioun 3D) gegrënnt, an do wor si och déi éischt hei am Land. Der Musek hir fantastesch Resultater op diverse Marschconcouren ginn zum gréissten Deel och op d’Schaffen vun dëser Clique zeréck. Am Hierscht 1957 huet den Här Jean Nicolas Henx, den deemolege Dirigent, eng Musek fir Kanner an d’Liewen geruff. Dës “Kleng Musek” wéi se nach haut genannt gëtt, wor déi éischt vun dësem Genre hei zu Lëtzebuerg. Spéider waert si sech als “Fanfare Prince Henri” en Numm maachen, an hire Succès den si am Grand-Duché hat, huet dozou bäigedroen, datt sech dunn eng Rei aner Museken beschloss hunn, och esou eng “Kleng Musek” an d’Liewen ze ruffen. Mat dëser Iddi konnt d’Veräinsliewen an den Museken mat jonken Talenter beräichert ginn, an de Fortbestand vun de Museken an der Zukunft gesechert ginn.

An den 60er Joeren huet d’Bouneweger Musek sech op verschiddenen internationale Concouren présentéiert, wou si all keier iwwerduerchschnëttlech Resultater réaliséiert huet. Zu Lëtzebuerg gouf si zur beschter Fanfare vum Land gekürt.

Als besonnescht Evénement wëlle mer awer eisen Optrett 1962 um internationale Concours vun Kerkrade nennen. Dës all 4 Joer organiséiert Weltmeeschterschaft fir Amateurs-Bloosmuseken ass an der ganzer Welt wéinst hiren schwéiere Conditiounen an der super-starker Konkurrenz berüchtegt. Naiv, wéi d’Musek deemols wor, huet si sech fir dëse Concours ugemellt, a wor dunn och zimmlech iwwerrascht wéi si dunn hir Concoursstecker bis op Bouneweg geschéckt krut. Sie sollt nämlech an der “Eerste Divise”, der héchster Divisioun, haut “Concert Divise” genannt, géint esou bekannten Orchesteren wéi der “Harmonie St. Michael Heugem-Maastricht”, der “Koninklijke Utrechtse PTT-Fanfare”, dem “Israel Gadna Youth Orchestra”, der “University of Mississippi Concert Band”, der “National Band of New Zealand” an der “Koninklijke Harmonie Thorn” untrieden. D’Fanfare hat sech natiirlech och direkt fir de Marschconcours ugemellt, de mat enger ähnlech héichkaräteger Konkurrenz besat wor.

Trotz desen schwéieren Bedingungen, huet d’Fanfare et awer färdeg bruecht en 3te Präis um normale Concours an en 2te Präis um Marchconcours mat heem ze bréngen. A bis elo ass si déi eenzeg Musek zu Lëtzebuerg, déi esou en Exploit färdegbruecht huet!

Loosse mer nach festhalen, dass vun 1956 bos 1977, d’Bouneweger Musek ënnert der Direktioun vum Nicolas Henx un 13 in- an auslännesche Concouren mat der “Grousser” Musek deelgeholl huet, an u 5 Concouren mat der “Klenger” Musek.

Der Fanfare hir intern Musekschoul gouf 1966 vum Här Jean Nicolas Henx gegrënnt. Bis haut schafft si matt groussem Succès an huet schon e puer honnert Schüler ënnerriicht, déi hir Couren zum gréissten Deel vu Musekannten an Dirigenten vun der Fanfare ofgehaale kruten.

Haut gëtt d’Fanfare vum Här Claude Weber dirigéiert. Deen huet si schons zu wonnerbare Resultater geféiert, wéi zum Beispill um leschte nationale Concours zu Mondorf, wou d’Musek zwee “Grands Premiers Prix avec distinction” heem bruecht huet.

Sonndes, den 08. Juni 2003 huet d’Bouneweger Musek um « Festival der Blasmusik », Grosser Preis von Aschaffenburg, deelgeholl an dat an der Höchststufe. Bei där Geléenheet ass dem Marco Pütz säi Stéck “Initiales”, mam Komponist selwer um Pult, ganz gudd ukomm. De Jury huet 93, vun méiglechen 100 Punkten ausgedeelt mat der Mentioun : “mit hervorragendem Erfolg”. Als Konsequenz oder besser als Belounung dofir gouf d’Bouneweger Musek op Schladming (an Eisterräich) op de perséinlech vum Professer Mösenbichler invitéiert.

Wat am Joer 2003 geplangt gouf, ass 2004 ausgeféiert ginn an zwar den 17. an 18. Juli 2004 zu Schladming um « Mid EUROPE/Schladming ». Dëse Festival bidd héichwerteg konzertant an ënnerhuelsam Blosmusek un. Die stilistesch Villfalt vun den ugebuedenen Programmen ass enorm grouss an ofwiesslungsräich.

Fir dës Geléenheet huet de Marco Pütz e speziellt Wierk geschafen fir en Euphoniumsolo, wat vum engleschen Meeschter, dem Steven Mead, bei dem Festival uropgeféiert gouf. Dëst Wierk, wat den Titel « Concertino for Euphonium and Band » dréit, besteet aus engem Saz, deen mat engem rasanten Tempo ufänkt, duerno e luest Mëttelstéck, aus deem eng Cadenz erviergeet wat an e séieren Schluss iwwerleet. D’Soloeinlagen, vum Steaven Mead, meeschterhaft virgedroen, hun dësem Wierk en aussergewéinlechen Charakter verschafen. Iwwer 1000 Nolauschterer hun mat iwwerzeegendem Applaus dem Komponist, dem Dirigent, Claude Weber an der ganzer Musek op eng bravourös Manéier Merci gesot.

Den 15.Juli 2005 huet d’Fanfare an der 1. Divisioun op der Weltmeeschterschaft fir Blosmusek en 1. Präis mat Goldmedaille heem bruecht. Dëst ass e weideren Beweis op wat fir engem qualitativ héigen Niveau d’Fanfare spillt.

Dessen Text kennt nach.

Auszug vu Stëcker déi Bouneweger Musek gepillt huet:

Gala 2016

- Finnlandia Jean Sibelius
- Mangnolia Bert Appermont
- Jubilée Variations

Soliste Sven Kiefer, Vibraphone

Welturopféierung

Marco Pütz
- Into the Light Philip Wilby
- Voyage to Worlds Unknown Peter Graham
- When Thunder Calls Paul Lovatt-Cooper
- Solitary Prayer

Soliste Frank Schröder, Euphonium

Marco Pütz
- Conga del Fuego Nuevo Arturo Marquez
- Tribute to Lionel

Soliste Sven Kiefer, Vibraphone

André Waingnein
- Glory of David Hayato Hirose
- Mambo Jambo Perez Prado
- Can-Can (Orphée aux Enfers) Jacques Offenbach
Just Music 2015 Rhythm & Dance
- Match-Rythm Jan Bosveld
- Kaiserwalzer Johann Strauss
- Et maintenant Gilbert Bécaud
- Amazonia Jan Van der Roost
- Waltz N°2 Dimitri Shostakovich
- Säbeltanz Adam Katchaturian
- Forgotten World Kevin Houben
- Ritual Fire Dance Manuel de Falla
- Out of Time

Soliste Gilles Biver, Sax Alt

Dave Brubeck
- Libertango Astor Piazzola
- Innuendo Queen
- Danza Final Alberto Ginastera
- Too Funky Juri Briat
- El Cumbanchero Rafael Hernadez
Gala 2015

- Gaillarde Pierre Attaignant
- Night on Bald Mountain Modest Mussorgsky
- Choralis Tonalis Marco Pütz
- Tintagel Castel Leon Vliex
- The Dark Side of the Moon Paul Lovatt-Cooper
- Fanfare an Funk Oliver Waespi
- War of the World

Soliste Annette Sondag, Sax Sopran

Peter Graham
- Lightwalk

Soliste Henri Pigeon, Bugel

Barrie Gott
Just Music 2014 an American Night
- Jubilance Benjamin Yeo
- Leichte Kavallerie Franz vun Suppé
- Adagio for Strings Samuel Barber
- The Essence of Youth Stijn Roels
- American Graphity arr Naohiro Iwai 

- Meaple Leaf Rag

Soliste: Véronique Biver, Isabelle Oms, Joëlle Schott (Euphonium)

Danie Köller, Anne Schroeder Van den Bulcke (Mib Bass)

Scott Joplin
- The Best of Earth, Wind an d' Fire arr Peter Kleine Schaars
- West Side Story Leonard Bernstein
- Stars an d' Stripes Forever John Philip Sousa
Concours Européen HAFABRA 2013 (Lëtzeburg)
- A Choral for a Solemn Occasion Marc van der Delft
- A Diamond for Parker Rob Goorhuis
- Evolution Johan de Meji
WMC Kerkrade 2005
- Choralis Tonalis Marco Pütz
- Between the Two Rivers Philip Sparke
- La Guerre Oubliée Léon Vliex
MID Europe Schladming 2004
- Festmusik der Stad Wien Richard Strauss / arr. Jean Cosemans
- Goodnight Sarajevo Leon Vliex
- Concertino for Euphonium an d'Band

Soliste Steven Mead, Euphonium

Welturopféierung

Marco Pütz
- Windows of the World Peter Graham / arr Floris van der Kooij